Passioun Stréibau

Zënter 20 Joer gesinn ech wéi a mat wat op de Chantiere geschafft gëtt…an dat muss sech änneren. Ech hunn decidéiert eng weider Formatioun ze maachen: Stréihaiser. T’ass meng Passioun ginn a vereenegt déi fir mech 5 elementar Krittären :

1.  Passiv!  Mir mussen energieeffizient bauen. Et ass Pflicht, a mat der Déckt vu Stréibotten quasi automatesch erreecht.

2.  Ökologesch! Holz, Stréi a Leem sinn kee Styropor, dee schwéier z’entsuergen ass..

3.  Gesond! Leembotz ass mat dat Bescht wat et gëtt, gesond an e Schutz viru Brand.

4.  Natierlech! Gëtt e Stréibauhaus entsuergt, bleift um Enn net vil méi iwwreg ewéi eng Poubelle Knascht. De Rescht geet dohinner zréck wou et hierkoum: an d’Natur.

5.  Bezuelbar! Mir bidde Bauvarianten, wou Dir spuert andeems Dir Iech mat abréngt. Gesond bauen duerf net just eng Fro vum Portemonnaie sinn !!