Hessler-Kalk
Schonn déi al Réimer woussten dass Kallék ee fantastescht Baumaterial ass. A no jorelaanger Vergiessenheet erliewt Kallék elo nees eng Zort Renaissance, an dat absolut verdingt. Ob als Grondbotz, Isoléierbotz, Kallkéfaarw oder edel Tadelakt-Oberfläch, Kallék ass ee fantastescht Material wann et drëms geet Schimmel natierlech aus de Féiss ze goen.
Hessler-Kalkwerke gëtt et zënter 1881. Wou fréier 5-6 rieseg Kallékiewen ronderemt d'Auer produzéiert hunn, ass elo nach just 1 Uewen a Betrieb. Vollkommen duerch Zement a Beton ersat léiere mir elo nees lues a lues ze schätzen wat Kallék besser kann ewéi dës Produkter déi haut de Marché dominéieren.
Bei Hessler gëtt just Muschelkallék verschafft deen do sur place ze fannen ass. Dorausser produzéieren sie hydraulësche Kallék, Kalksteinmehl an ongeläschte Kallék. Fir déi, déi wëssen domadeer ëmzegoen. Nieft Grondbotzer ginn Dämmbotzer hiergestallt, nieft Edelbotzer gëtt Glätteputz an och ganz héichwertege Sumpfkalk hiergestallt. Mir selwer gefällt hieren Kallék-Lehm-botz. Dëse Botz ass wahrscheinlech fir déi, déi sech net entscheede kënnen, ob hiert Häerz elo méi fir Leem oder méi fir Kallék schléit, kréien einfach Béides. A fir Iech dësen ze weisen hu mir e groussflächeg bei eis op d'Mauer verbotzt.
Am Géigesaz zu ville bekannte Botzhiersteller produzéiert Hessler nëmme reng Kallékbotzer. Fräi vu synthetësche Bindemittel, Zement, Gips a soss Konservéierungsstoffer. Hessler ass ee vu ganz wéinege Kallékproduzenten deenen et wichteg ass, héichwäerteg Kallékprodukter ze produzéieren.
Kommt eran an de Naturbaustoff zu Réiden. Mir hunn e puer Botzer un eise Maueren verbotzt. Esou kënnt Dir Iech besser virstelen wéi dat en réel ausgesäit.
https://www.hessler-kalkwerk.de/
REDSTONE
Wann et ëm Fiichtegkeet, Salpéiter oder Schimmel geet, féiert fir mech kee Wee laanscht Redstone. Fir all Problemfall hunn sie déi passend Léisung.
Mat der Dämplatte pura ass et méiglech héicheffizient Innendämmungen ze maachen ouni de Risiko vu Schimmel mussen anzegoen. Déi komplett mineralësch an diffusiounsoppen Schaumplatte erméiglecht et problemlos an einfach vu bannen ze isoléieren.
Sollt awer eng Kéier méi Fiichtegkeet ustoen sollt een op Kalziumsilikatplacken iwwergoen. Dës kënnen enorm Quantitéiten u Fiichtegkeet ophuelen a nees ofginn, soubal d'Raumloftfiichtegkeet dëst erlaabt. Oft demonstréieren ech déi eenzegaarteg Fähegkeet vun dëse Kalziumsilikatplacken am Buttek. Et ass wierklech fir ze staunen.
Wann de Schimmel awer schonn do ass, an dat ass eben oft de Fall, muss dësen fir d'éischt eweg gemaach ginn. An och dofir huet Redstone verschidde Produkter, vum Schimmelbeseitiger zum Sporenvernichter. An alles absolut verträglech fir de Mënsch.
Sollt Dir Salpéiter hunn, kann och dësen eliminéiert ginn. Horizontalsperre fir selwer ze maachen, Entfeuchtungs- oder Sperrputz. Et ass kloer dass mat Redstone-Produkter keng Plaz méi fir Fiichtegkeet, Salpéiter, Schimmel oder och just kal Baussewänn ass.
https://www.redstone.de/