HOLZ- A LEEMBAUPLACKEN

Elka

OSB-Placken ginn immens vill am Holzbau verschafft. Dës Placken kënne souwuel d'Loftdichtegkeet garantéieren wéi och ee Gebei aussteifen. Leider awer gëtt vill zevill mat PU-Kleber geschafft…an d'Formaldehyd-Werter vun dëse Placken erlabet et kaum nach, se am Banneraum vun engem Wunnhaus ze verschaffen. ELKA produzéiert dofir d'ESB+. FSC-zertifizéiert, mam bloen Engel an op der Sentinel-Haus-Lëscht gefouert beweist, dass et sech hei ëm déi gesond Alternative zur klassëscher OSB handelt. Exklusiv zu Lëtzebuerg am Naturbaustoff Réiden.
Elka
https://www.elka-holzwerke.de/esb/esb-plus.html

Lemix

Leem ass ee fantastëscht Material. Bei all Haus verbessert Leem d'Raumakustik, d'Regulatioun vun der Loftfiichtegkeet a filtert Schuedstoffer aus der Loft. Beim Holzbau kënnt dann nach dobäi, dass een domadder de Komfort am Summer enorm verbessere kann, well ee Masse an d'Haus erabréngt. Ee klassësche Leembotz bedeit awer vill Input u Fiichtegkeet...wat een awer vläit guer net wëll. Dofir ginn et Leembauplacken. Mat 16mm oder 22mm Déckt bréngt een esou ouni 1 Drëps Waasser bis zu 25kg Masse pro m² an d'Haus eran. Interessant op Baussewänn mee virun allem bei Trennwänn oder an der Daachschréit suergen dës Placken fir een optimale Schallschutz an ee wesentlech verbesserte "sommerlicher Hitzeschutz". Kommt op Réiden an de Naturbaustoff. Mir hunn all eis Wänn domadder verkleed a verbotzt. Ee Genoss!
Lemix
https://lemix.eu/