D’LIEWE GENEISSEN…

Lëtz Coffee

Den Olivfier ass ee passionéierte Kaffisgeck. Eis Kanner hu sech fir d'éischt kennegeléiert…an duerno mir. An der Industriezone Riesenhaff zu Kietscht réischtert hien héichwertege Kaffi aus aller Welt. Dobäi leet hien immens vill Wert drop, dass de Kaffi souwuel biologesche Krittären wéi och Sozialkrittären entsprëcht. Ee Groussdeel vu séngem Kaffi dréit dofir nieft dem Bio-Label och de fairtrade-Sticker. A wann de Kaffi dann och nach mega lecker schmaacht...jo wat fir ee Grond gëtt et dann nach net LëtzCoffee ze ënnerstëtzen.
Lëtz Coffee
https://letz.coffee/

OUTR

Ee neit Haus bauen oder een aalt renovéieren ass ëmmer mat vill Aarbecht, Zäit a Nerve verbonnen. An dofir loosst Iech et gesot sinn: passt op dass d'Zäit fir ze feieren net ze knapp gëtt. Well et geet um Enn dach just drëms Zäit mat Frënn a Famill ze verbréngen. OUTR ass eng kleng belsch Entreprise mat super coole Griller...fir Fleesch, Fësch, Ananas mat Schokela, hhmmm..... Mir hu se am Naturbaustoff stoen. Kommt kucken, se si wierklech cool.
OUTR
https://www.outr.be/fr/home