…MAACH EPPES GUDDES…

BEKI

"Geld regéiert d'Welt". Dat ass esou, ass awer net gutt. Iwwerall mierke mer wéi deen aktuelle Geld- a Wirtschaftssystem u séng Limitte kënnt respektif wéi grouss d'Kollateralschied sinn. D'asbl "de Kär" versicht mam Beki ze sensibiliséieren. Fir méi lokal a fair anzekafen. Well just dat lokalt Handwierk an déi lokal Serviccer sinn et, déi hëllefen eise Sozialstaat erhalen. Nee google, amazon a Co...
BEKI
http://www.beki.lu/

BENU

D'Textilindustrie ass mat dat absurdst wat eisen aktuelle Wirtschaftssystem ze bidden huet…a jiddereen wees et. Am BENU Village Esch ginn al Stoffreschter zu neie coole Kleeder zesummegebitzt. A bezuelt gëtt de Stonneloun, dee Reellen. Demnächst entsteet nieft deem Kleederbutték och nach deen éischte rescued-food-restaurant. Just mat Liewesmëttel déi iwwert den "Datum" sinn. Et ass wichteg dass mir d'An opgemaach kréien a nit einfach just hannendrun lafen a konsuméieren. Merci Georges a ganz Ekipp fir Ären Asaz.
BENU
http://benu.lu/

CELL

CELL steet fir centre for ecological learning Luxembourg an ass eng Zort Plattform fir déi verschiddensten Zorten vu Resilienz ze diskutéieren an ze testen. Aktuell entsteet d'Aushängeschëld vu CELL, d'Erdschëff zu Réiden iwwert dem Lycée. Komplett autark sollt et fonktionéieren, an dat souwuel wat den Energieverbrauch wéi och Waasser a Liewesmëttel ugeet. Eng Inspiratiounsquell ronderemt eng super motivéiert Ekipp.
CELL
https://cell.lu/

Vun der Atert

Wee Liewesmëttel vu Lëtzebuerg wëll, ouni mat Pestiziden behandelt an ënnert sozial faire Konditiounen wat Aarbechtszäit a Stonneloun ugeet, deen trëllt bal noutgedrongen iwwert d'Kooperative VDA. Mat aktuelle Projeten wéi "ZäitGeméis" oder "Fleesch vun der Atert" geet et kloer Richtung solidaresch Landwirtschaft. Net de Bauer eleng soll d'Responsabilitéit droen, mee mir Konsumenten solle mat dobäi sinn. Et stinn och scho nei Projetenh an de Startlächer. Dat "mobilt Schluechthaus" oder den Ubau vun Urkar (fir all déi Leit mat z.B. GlutenIntoleranzen) weisen dass hei enormt Potential do ass. Abonnéiert Iech fir de Geméis- a Fle
Vun der Atert
https://www.vunderatert.lu/

Energieatelier

Zënter 25 Joer gëtt et den Energieatelier elo schonns. Wat mat engem Grapp Idealisten an der Fräizäit ugefaangen huet zielt mëttlerweil sëcherlech zur Referenz a Saachen Energiekompetenz. Den Energieatelier gëllt als Virgänger vu myenergy a këmmert sech em d'Awunner aus dem Kanton Réiden. GRATIS !
Energieatelier
http://energieatelier.lu/

Gringgo

Mir kafen ëmmer méi online. Dat ass schued well eist Duerfliewen just dovunner erhale bleift. An awer mussen och déi lokal Akteuren sech eng iwwerleeën fir an deem onfaire Kampf ze iwwerliewen. Mat gringgo ass eng Plattform entstanen wou jiddereen vun eis op einfach a schnell Art a Weis zu lokalen, bio-zertifizéierten, fairtrade, bloen Engel, etc... héichwertege Produkter an Déngschtleeschtunge fënnt. Gringgo versicht esou gutt et geet selwer eng ganz streng Politik ze verfollegen fir dass mir eis sëcher ginn, dass wann ech do kafen, ech automatesch op elementär Kafkrittären opgepasst hunn.
Gringgo
https://gringgo.lu/de/

EBL

Emweltberodung Lëtzebuerg. Hauptsächlich für luxemburger Gemeinden gedacht, unterstützt die EBL mit haufenweise knowhow in den Bereichen Umweltschutz und Naturschutz. Bekannte Kampagnen wie "ouni Pestiziden" entstammen deren Feder. Eine tolle Manschaft aus Überzeugungstätern.
EBL
https://ebl.lu/

Eis Beien asbl

Beie si wichteg. Dat wësse mir alleguerten. Abee de Max hëlleft jidder Interesséierten sech méi intensiv mam Thema Beienzuucht auserneen ze setzen. Mat sénger asbl "eis beien asbl" mëcht hien vill Promoaarbecht fir d'Beien. A wee wëll net säin eegenen Hunnég am Gaart produzéieren?
Eis Beien asbl
https://www.facebook.com/eisbeien/