LOFTDICHTHEET AN DAMPBREMS

Pro Clima

Een décke Pulli hëlleft nëmmen esou gutt géint d'Keelt wéi dësen och loftdicht ass. An d'selwecht ass et mat der Isolatioun vun engem Haus. Gëtt d'Isolatioun vu kaler Loft duerchspullt, dingt se näischt méi. Waarem Loft ka vill méi Fiichtegkeet späicheren ewéi kal Loft dat kann. Dofir muss bei enger Isolatioun dofir gesuergt ginn dass den Transport u Fiichtegkeet gebremst gëtt...mat enger sougenannter Dampbrems. Proclima ass dee weltwäite leader wann et drëms geet Wunngesondheet, Energeieffizienz a Bauphysik zesummen ze bréngen. A mir zu Réiden am Naturbaustoff kennen déi Produkter aus dem FF. Kommt laanscht a loosst iech beroden
Pro Clima
https://de.proclima.com/