Leem- a Kallekbotz

Arte Constructo

Mat Verstand bauen. Dat ass de Motto bei Arte Constructo. Mëttlerweil wësse mir wei eng Recuperatiouns- a Bauaarbechte mat wei eng Produiten ausgeféiert gi solle soudass spéiderhin näischt geschiedegt gëtt. Dobäi spillt de Kallek bei méi al Gebaier natierlech eng dominant Roll. D'Pathologie vun der Bausubstanz anhalen. Genau dat ass Arte Constructo. 
Arte Constructo
https://arteconstructo.com/fr/

Casa NATURA

Leem a Kallek si mat déi eelste Baustoffer déi mir kennen. Joer laang goufen se komplett vergiess. Elo erliewen se erëm eng Aart Renaissance. An dëst zu Recht. Einfach ze veraarbechten, gesond, Fiichtegkeetreguléierend an zu der Bausubstanz ugepasst. Di al Reimer Viadukter stinn nach ëmmer. Do kéinten dach munch "modern" Baustoffer eppes bei leieren...
Casa NATURA
https://www.casanatura24.de/

CLAYTEC

Mat Leem kann een Iewe baue fir Pizza a Brout ze baken. Mat Leemmaske verschéinere mir eist Haut am Beauty-Salon. Mat Leem dichte mir Eechen of a kenne komplett Haiser bauen. Leem ass esou ee wonnerbare Material dass jiddereen et mindestens eng kéier an den Hänn muss hunn... mam Risiko sech ze verléiwen. Mir hunn all Mauere mat Leem a Kallek verbotzt. Notzt dëst aus fir eng Entscheedung ze treffen.
CLAYTEC
http://www.claytec.be/de/

HESSLER-KALK

Schonn déi al Reimer wosste vun den Eegenschafte vu Kallek als Baumaterial. An Kallek erféiert haut erëm eng grouss Zouwendung, ob als Speis-, Dämm- a Fiichtegkeetsbotz oder als eedel Tadelakt Uewerflächen. Kallek Botz a Faarwe sinn déi natierlechst a bescht Methode fir Schimmel aus eis Wunnengen ewech ze halen. 
HESSLER-KALK
https://www.hessler-kalkwerk.de/