LOCATIOUNSMASCHINNEN, GESCHIER A SCHRAUWEN

Beck Fastening

Am professionnellen Holzbau a virun allem an der Préfabrikatioun gëtt ëmmer méi mat Neel geschafft déi, wanns se dann bis geschoss goufen, just nach ganz schwéier nees erauszekréie sinn. Am Fall vun engem Réckbau ass dat dann awer spéitstens dann problematesch. Scrails kann d'Léisung sinn. Screw-nails. Schrauwen déi geschoss ginn an herno erausgedréint kënnen ginn.. Highlight awer si sëcherlech d'Holzneel. Gedrëchent Buchenholz ass d'Ausgangsmaterial fir dës lignoloc genannten Holzneel. Durch deen héije Reiwungswidderstand bei Aschéissen schmëlzt de Lignin am Holz an den Holznol "verschweesst" mam Holz. Mega cool!
Beck Fastening
https://www.beck-lignoloc.com/

Cobit

Cobit produzéiert héichwäerteg Bithalter déi nit bei all Benotzung futti gin. Ob dee klassësche Phillips-Opsaz, oder Torx, cobit huet eng grouss Panoplie u Produkter…an ee groussen Deel dovunner hu mir bei eis zu Réiden am Naturbaustoff.
Cobit
https://www.cobit.de/

Eco Ezee

Eco Ezee produzéiert ökologesch wertvoll Pinselen aus recycléiertem Bambusholz an Inox. Derniewt kréeie mir bei hinnen och Faarfdëppen aus Karton…total geckeg. Kommt bei eis an de Naturbaustoff kucken, mir hunn déi ganz Gamme un EcoEzee hei.
Eco Ezee
https://www.ecoezee.de/

EUROTEC

Ob dir Schrauwen braucht fir ee Bild opzehänken oder ee Carport ze bauen. Ob fir den Terrassestull oder fir ee ganzt Holzhaus. Eurotec ass eise Spezialist am Beräich Holzverbindung. Senkkappschrauwen, Tellerkappschrauwen, Zierkappschrauwen, Terrasseschrauwen, Parquetschrauwen...kommt laanscht kucken. Gutt méiglech dass mir genau dat op Stock hunn wat dir direkt braucht.
EUROTEC
https://www.eurotec.team/

Madera

Äre massiven Holzparquet ass wahrscheinlech dat wertvollste Miwwelstéck am Haus…abee dat gëllt et deen och entspriechend ze fleegen. Mir verléinen eis héichwerteg Poléiermaschinnen fir dass Dir Äre Parquet kënnt ënnerhalen. Zesumme mam Pflegeöl vu Leinos bidd sech esou z.B. d'Méiglechkeet fir eng sougenannten Uelegwäsch ze maachen. Hei gëtt déi iewecht Uelegschicht ugeléist a mat hier Schréipsen, Téitschen a Knascht. Ass dës Schicht erof gëtt mat engem feine Pad nopoléiert. Richteg gefleegt gesäit esou ee Parquet och no 30 Joer nach aus ewéi nei verluegt.
Madera
https://www.madera-design.de/site/vertrieb/reinigungsmaschine.html

PAJARITO

Dat beschte Material verdingt dat beschte Geschier. Pajarito zielt sëcherlech zu deene renomméiersten Ubidder vun Handwierksgeschier weltwäit. Vun der Traufel zur Taloche, vum Hummer zur Zaang, vun der Setzwoo zum Riichtscheed. Mir sinn der Iwwerzeegung dass deen, dee säi Geschierr fleegt ee liewelaang dovunner profitéiere kann. Dofir 1 mol Qualitéit kafen a gutt ass et. Am Naturbaustoff fannt Dir alles dat wat ee brauch fir Leem oder Kallék op eng Mauer ze kréien a nach villes méi. Kommt laanscht an iwwerzeegt Iech selwer.
PAJARITO
https://pajarito.de/katalog/