TERRASSEN- A FASSADENHOLZ

TIMURA

Klima- an Emweltschutz heescht och dass d'Tropebëscher besser protegéiert musse ginn. Genau aus dëse Bëscher komme nämlech Ipé, Bangkirai a Co… A soulaang net kloer ass wéi dat Holz do ofgebaut gëtt, duerf een dat net ënnerstëtzen! Mam ThermoHolz gëtt et eng valabel Alternative. Kiefer, Fichte, Pëppel an Eschenholz gëtt an engem Uewen op ronn 200°C erhëtzt a verännert esou séng Molekularstruktur. Duerno hëllt ThermoHolz quasi keng Fiichtegkeet méi op an hällt dowéinst och op esou enorm vill ze schaffen. Esou ass et méiglech och Holz vun heiheem op eng Fassad an esouguer op eng Terrass ze leeën. Mir hunn all ThermoHolz bei eis am Asaz, och fir ze kucken wéi sech dat Holz mat de Joren verhällt. Et gëtt gro, wéi all Holz. Mee et bleift bestänneg, an dat bis zu 30 Joer. Ouni Chemie an ouni Tropenholz. Mega !
TIMURA
https://www.timura.de/produkte/terrasse

Stauseeholz

Iwwer Brasilien läit de Surinam mam Brokopondostauséi, engem vun deene gréisste Stauséier weltwäit. An dësem kënschtlech ugeluechte Stauséi steet een enorme Schatz u ganz héichwäertege Beem. An dës Beem ginn elo do erausgeschnidden an zu edlem Terrassenholz verschafft. Nieft dem Stauséi gëtt och Holz aus de Bëscher verschafft. An dat an engem Rythmus dee näischt mat deem ze din huet wat een sech esou ënnert Abholzung virstellt. Gi nämlech aus engem ausgewielte Beräich am Bësch déi fäerdeg Beem erausgeschnidden, gëtt dësen Deel vum Bësch nees fir 25 Joer zougemaach fir dass d'Holz nowuesse kann.
Stauseeholz
https://www.surinamholz.de/stauseeholz.html

SWERO

ThermoHolz gëtt an engem Uewen op ronn 200°C erhëtzt a verännert esou séng Molekularstruktur. Duerno hëllt ThermoHolz quasi keng Fiichtegkeet méi op an hällt dowéinst och op esou enorm vill ze schaffen. Esou ass et méiglech och Holz vun heiheem op eng Fassad an esouguer op eng Terrass ze leeën. Mir hunn all ThermoHolz bei eis am Asaz, och fir ze kucken wéi sech dat Holz mat de Joren verhällt. Et gëtt gro, wéi all Holz. Mee et bleift bestänneg, an dat bis zu 30 Joer. Ouni Chemie an ouni Tropenholz. Mega !
SWERO
https://www.swero.de/