Naturfaarwen an Ueleg

Casa NATURA

Casa NATURA gouf virun ongeféier 20 Joer gegrënnt an baséiert sech op d'Iddi selwer Leem Produkter vun der héchst Qualitéit an Nohaltegkeet hierzestellen. Den Michael Bühler, Grënnungsmember vun der Ökoplus, ass och haut nach Geschäftsféierer vun dëser kleng Manufaktur, wéi hien Casa NATURA gär beschreift. Casa NATURA bitt eng wonnerbar Vilfalt un Leem Faarwen. Mir hunn de kompletten Sortiment un mineraleschen Pigmenter opgestallt.
Casa NATURA
https://www.casanatura24.de/

CLAYTEC

Wann et em Leem a Leem Faarwen geet, da kennt een un CLAYTEC net laanscht. Firwat dat? CLAYTEC bitt ee risege Sortiment un Leem Produkter un, déi keen Wonsch iwwereg bleiwe loossen. Niewent sämtlechen Leem Botz, Steng, Platten an aner Produkter ginn et natierlech och Leem Faarwen. Ëmmer dréchen als Pudder an ëmmer op der Basis vun Leem Faarwen déi een an der Natur fënnt.. deemno ouni blo!
CLAYTEC
https://www.claytec.de/

DPM Mashel

D'Universitéit RWTH zu Aachen kann heimat sech als flotten Start-Up predominéieren. DPM steet fir Dry Paint Manufacturing, also een Dreschen Faarf Hiersteller. Firwat dat? Dreschen Faarf braucht weder Waasser bei der Produktioun, nach gëtt et belaaschtend Ofwaasser. Dreschen Faarwen brauchen keng Konservéier fir ze sécheren datt d'Faarf am Eemer net fault. An dobäi gëtt och keen Waasser transportéiert. A wann dobäi nach d'Klass 1 punkto Deckkraaft an Nassabriebsfestegkeet kennt, dann muss een den Hutt zeien.
DPM Mashel
https://dpm-mashel.de/

Leinos

„Natur Puer – awer Wunngesondheet virun der Natierlechkeet“. Zënter iwwer 30 Joer schafft Leinos un der Entwécklung vun ökologesche an ëmweltverdréiglechen Faarwen, Lasuren an Ueleger, esou awer dass d'Produkter gutt vum Mënsch verdroe ginn. Dofir gëtt z.B. op Orangenterpene verzicht an op ee Produkt aus der Uelegindustrie zréckgegraff... Manner ökologesch awer méi vertraglech. Fir mech ee gudde Kompromëss.
Leinos
https://www.leinos.de/

Robin

Null COV (composants organiques volatils) beweisen dass et hei ëm d'Gesondheet geet. Heimat ass Robin een absolutten Highlight gelongen. D'Verdello huet dee renomméierten cradle-to-cradle Zertifikat dee beweist, dass et sech hei em ee Produit handelt, deen an der Philosophie vun der Kreeslafwirtschaft entwéckelt gouf. 
Robin
http://www.verdello.lu/de/