Dréscheschüttung

CEMWOOD

CEMWOOD si mat Zement emmmantelt Holzspéin. Dës mineralesch Ëmmantelung erlaabt et CEMWOOD, dass d'Schüttung net méi setze kann a kee Problem mat Fiichtegkeet huet. Dobai entscheed ee sech teschent der CW2000 fir Schütthéichten bis 20cm. CW1000 mat méi feiner "Körnung" fir Schütthéichten bis maximal 6cm oder CW020 fir klengsten Onreegelméissegkeeten auszegläichen. CW020 kann ee quasi bis op 0 auszéihen.
CEMWOOD
https://www.cemwood.de/

CLAYTEC

CLAYTEC bitt ee grousse Sortiment u dréche Schüttungen un. Liichtleem mat Holzspéinen awer och schwéiere, gedréchente Leem Schüttunge genau sou wei sougenannte Grünlingen. Sie verhéischen d'Späicher Capacitéit vum Haus enorm vill a suergen esou fir ee gemitterleche Klima, och am waarme Summer.
CLAYTEC
https://www.claytec.de/de/produkte/mauerwerk_stampflehm_terrazzo

FIBOEXCLAY

An engem speziellen Uewe bei ronn 1.200°C entsteet bei fiboexclay aus Leem sougenannte Blähtoun. Dëse Blähtoun kann op verschiddener Aart a Weise benotzt ginn. An zwar als: thermesch Isolatioun, Trockenschüttung, et kann een de Blähtoun och mat Zement oder Leem banne fir als sougenannten "gebundene Schüttung" ze notzen. Als Huelraim, als Planzensubstrat (Seramis) oder als Winterstreu ass Blähtoun ze gebrauchen.
FIBOEXCLAY
https://www.fiboexclay.de/de/home/

JASMIN

Papeierzellulose an Holzfaserdämmung sinn d'Klassiker bei der "Einblasdämmung". Konkurrenzlos gënschteg, perfekt verfëllt a mat engem relatif gudde sommerlëchen Hitzeschutz ginn si oft a Kombinatioun mat enger méi schwéierer "Aufdachdämmung", och aus Holzfaser, am Daachberäich agesat. Fir Puristen allerdéngs stéiert do d'Borsalz wat deem ganzen dee néidege Brandschutz gëtt. Jasmin Holzfaserdämmung benotzt kee Borsalz mee Leem als Brandschutz. A géigeniwwer der klassëscher Konkurrenz déi bei 40-55kg/m³ Densitéit läit, schwätze mir hei vu ronn 80kg/m³. Dat ass Masse! An dat ass et och wat virun ëmmer méi waarme Summeren schützt. Fir mech ee super Produit vun engem richteg coole Pionéier. Et gëllt dëse Produit méi breed ze notzen.
JASMIN
https://www.holz-lehmhaus.eu/

LEMIX BALLASTPLATTEN

Jiddereen kennt de Problem: ënnert dem Daach geet een am Summer futti vun Hëtzt. Firwat ass dat esou? Majo et feelt ganz einfach u Masse. Dat wat eis an engem ale Bauerenhaus zugutt kënnt, nämlech déck a schwéier Maueren, feelt ënnert engem Daach komplett. Et gëllt also Masse anzebauen. Lemix Leembauplacken oder Ballastplacken fir op de Buedem kënnen do enorm hëllefen.
LEMIX BALLASTPLATTEN
https://lemix.eu/produkt/Ballastplatte

RECYCORK

Et geet bal näischt iwwer gudde Wäin…d'Liewen ass anscheinend ze kuerz fir schlechten… Et ass de Kork deen de Wäin a sénger Fläsch hällt…a genau dee Kork gëtt bei recycork recycléiert. An engem atelier protégéan der Belsch entsteet Korkschrot aus ale Korkstëpp. Perfekt fir Huelraim ze verfëllen, perfekt als Schalldämmung, a mat e bessi Chance nach mat enger Grimmel Wäindoft... Dofir sammele mir kräfteg mat. Ee super flott Material mat enger mega sozialer Geschicht.
RECYCORK
http://www.recycork.be/fr