BUEDEMBELEG

AGROB – DRYTILE

Plättercher gi gepäscht. Entweder leet een se direkt an d'Chape oder et collt een se duerno drop. Egal wéi sinn se fest mat der Chape verbonnen. AGBROB huet mat der drytile eng Plättchen entwéckelt déi ganz ouni Colle auskënnt. D'drytile huet ee Réck aus Kork a kann esou drëchen op eng riicht Surface geluecht ginn. Nach just ausfouen a fäerdeg. Mir hunn se bei eis am Butték leien...richteg cool. A bis zu 8 x méi schnell...
AGROB – DRYTILE
https://www.trison-drytile.de/

BERG & BERG

Schweden ass bekannt fir sëcher Autoen wéi Saab oder Volvo. Schweden ass iwwerhaapt bekannt fir de Sëcherheetsgurt deen een haut an all Auto fënnt. A Schweden ass bekannt fir de Fixspoun. Hhm, an dann? Majo Schweden ass bekannt fir séng natierlech Schéinheet, séng fantastesch Natur a séng immens Bëscher, déi zu engem groussen Deel vu grousse Syndikater bewirtschaft ginn. Hei schwätzen d'Bëschbesëtzer also mat wann et drëms geet wéi déi Bëscher genotzt ginn a wat mam Holz geschitt wat erausgeholl gëtt. A vläit ass et grad dat firwat Berg&Berg zu deenen ganz nohaltege Buedembeleg gehéiert. Naturplus zertifizéiert. Et ass op alle Fall 3-Schicht-Parkett vun allerbeschter Qualitéit. 3 verschidden Holzmuster. Vu bal schwaarz zu quasi wäiss si ganz verschidde Faarftéin méiglech. Kommt einfach kucken. Déi ganz Palett aus ausgestallt.
BERG & BERG
https://www.bergundberg.com/aktionen/

FORBO FLOORING

Lino besteet aus Läinueleg, Naturharz, Kork- oder Holzmiel, e bessi Pulver aus Kalléksteen an engem Jutegewebe als Arméierung. Een totalt Ökoprodukt wat komplett verpäscht ka ginn, besser awer, well méi gesond, per Klicksystem schwimmend verluecht. Mat enger Abauhéicht vun 10mm super an der Renovatioun vun ale Buedembeleeg.
FORBO FLOORING
https://www.forbo.com/flooring/de-de/produkte/pmwdnu

GUTSHOFDIELE

Hei gëtt just Holz aus eegene Bëscher verwert. An dat eleng ass scho quasi eng Garantie dass nohalteg geschafft gëtt. Well wee wëll séng eege Bëscher schonn eidel raumen, wann en dach selwer drop ugewisen ass. Alleguerten d'Bëscher sinn dofir och PEFC-zertifizéiert. Ee Beweis fir nohalteg Bewirtschaftung. D'Holz gëtt just dann aus dem Bësch geholl, wann de Bam a séngem Wanterschlof ass, tëschent November a Januar. D'Gutshofdiele gëtt 15mm oder 19mm déck produzéiert, an dat an 8 verschiddene Breeten. 15mm si grondsätzlech fir vollflächeg ze verpäschen. 19mm kënnen och einfach a gesond verschrauwt ginn. An do dernieft gëtt et och nach de Mühlenboden...een absolute Bijou! Hei ginn déi eenzel Massivholfdill per Hand nogeschlaff, an dat esou dass enn d'Gefill kritt, dee Parquet hätt ewell 100 Joer um Bockel. Mir hunn eng grouss Panoplie vun de Gutshofdielen an dem Mühlenboden ausgestallt. Kommt se kucken...a bewonneren.
GUTSHOFDIELE
https://gutshofdiele.de/produkte/