HEIZUNGSSYSTEMER

NATURBO

Naturbo huet ee super System entwéckelt deen et erméiglecht ouni vill Opwand schnell zu enger Wandheizung ze kommen. Et ass à la base eng Holzweichfaserplack déi rainuréiert ass, a wou Heizungsréier dran verschafft sinn. Ronderemt dës Heizungsréier ass Leem verschafft. Déi eenzel Placken sinn dobäi esou perfekt riicht dass just am beräich vun de Fouen muss nogeschafft ginn, ee ganz feinen Botz driwwer a basta. Ee super performante System wéi geemach fir Heimwierker.
NATURBO
https://www.naturbo.de/

Udi Dämmsysteme Udi Sun

Deen ale Keller soll zum Büro ëmgebaut ginn, de Späicher zum Lieszëmmer…alles kee Problem just d'Heizung feelt. UdiSUN besteht ënnert anerem aus engem dënne Carbonvlies mat deen een heitze kann. Dëse Vlies kann een an de Plättercher's-colle leeën oder an de Leembotz verbotzen. Ouni vill Opwand an ouni mussen Heizungsréier ze verleeën. Just nach uschléissen a fäerdeg.
Udi Dämmsysteme Udi Sun
https://udidaemmsysteme.de/produkte/heizfolie-flaechenheizung-udi

WEM

Dee klassëschen Heizkierper funktionéiert haaptsächlech mat Konvektioun. Déi waarem Loft zirkuléiert duerch de Raum an hëtzt dësen op. Méi komfortabel awer si Flächenheizungen. Am meeschte bekannt sinn dobäi d'Foussbuedemheizung. Amplaz eng Konvektioun ze provozéieren strahlt de Budem waarem. Dat awer huet net jiddereen gären. WEM Flächenheizungen huet eng grouss Panoplie u Méiglechkeeten fir säin Haus komfortabel ze heizen. Nieft der Foussbuedemheizung kann een iwwert d'Maueren oder esouguer iwwert de Plafong hëtzen...a vläit esouguer killen. Mir hunn Foussbuedemheizung a Wandheizung ausgestallt. Kommt Iech et ukucken...a wann et kal dobaussen ass an eis Heizung leeft, da kommt och nach spieren wéi enorm agreabel Flächenheizung ka sinn.
WEM
https://wandheizung.de/