FONDATIOUNEN, OFDICHTUNG A GRINGDAACH

BIOGRANULATS

-
BIOGRANULATS
http://biogranulats.com/

Dernoton

Mir si gewinnt eis Gebeier mat Bitumen géint Fiichtegkeet ofzedichten. Mee et gëtt eng ökologesch a wahrscheinlech esouguer besser Method. An zwar d'Abdichtung mat Leem. Dernoton huet eng speziell Leemmëschung entwéckelt déi souwuel bei Fiichtegkeet wéi bei Drëchent dicht bleift. Einfach ee Gruef opmaachen, drafëllen a verdichten. A wat fir een Haus geet, geet fir ee Naturweier mat Sëcherheet. Kommt Iech laanscht informéieren.
Dernoton
https://dernoton.de/

DEUTSCHE FUNDAMENTBAUGESELLSCHAFT

Grondsätzlech steet een Haus op engem Betonfundament. Dat ass awer nit ëmmer de Fall. Z.B. wann de Buedem onmëttelbar ënnert dem Haus net stabil genuch ass muss een de feste Grond éventuell méi déif siche goen. An dofir ginn et Schrauwefundamenter. Mee déi Schrauwefundamenter kënnen awer ouni Stabilitéitsgrënn agesat gin. Z.B. wann een ouni Beton auskomme wëll. Oder wann een d'Haus komplett aus der Fiichtegkeet eraushale wëll. Mäi Stréibau steet ronn 50cm iwwert dem Buedem, gutt ënnerlëft. Keng Terrassementsaarbechten, keng Fiichtegkeetsproblemer, kee Beton, schnell a réckbaubar wann et dann emol esouwäit ass.
DEUTSCHE FUNDAMENTBAUGESELLSCHAFT
https://schraubfundamente-fundamentbau.com/