ACCOUSTIKPLACKEN

HERADESIGN

Holzwolleplatten werden seit jeher als Putzträger im Massivbau benutzt. Allerdings haben sie auch hervorragende akustische Eigenschaften. Anstelle von Zement wird hier Magnesit als Bindemittel eingesetzt. Und bei Bedarf können die Platten eingefärbt werden.
HERADESIGN
https://www.knaufamf.com/de/sortiment/heradesign-holzwolle/index.php

HISS REET AKUSTIKABSORBER

Stréidiecher ginn et zënter enger hallwer Éiwegkeet. Um Bodensee an Däitschland stunge schonn viru ronn 6.000 Joer Haiser mat engem Stréidaach…an och haut nach ginn Haiser op dës schéin traditionell Art a Weis gedeckt. Dee Schilf oder Reet gëtt awer nit just um Daach benotzt, mee fënnt och als Clôture, als "Liegematte", Sonnepräbbeli oder als sougenannte "Putzträger" fir Leembotzer séng Supporter. Hiss Reet besteht zënter 1833 a gehéiert zënterhier zu deene gréissten Händler an Däitschland. Schilfmatten ginn zënter Laangem an der ökologëscher Innendämmung oder als Putzträger benotzt. Mee absoluten highlight awer ass d'Akustikelemnt wat iwwert dem Comptoir am Naturbaustoff hängt. Dat muss Dir Iech ukucke kommen. Ee bijou...
HISS REET AKUSTIKABSORBER
https://www.hiss-reet.de/akustik/akustik/

ISOLENA Silentum

Schofswoll ass schon een extra Dämmmaterial. A déi vun Isolena huet direkt 2 ganz aussergewéinlech Aussergewéinlechkeeten. Als Motteschutz schafft Isolena net mat iergendengem Gëft, wéi anere Hiersteller dat maachen mee si notzen eng Zort Ioniséierung fir hier Schofswoll viru Motten ze schützen. Zertifizéiert an absolut verträglech fir de Mënsch. An als zweet Aussergewéinlechkeet stecht lëtzebuerger Schofswoll drënner. Lëtzebuerger Schofswoll gëtt nämlech hei gesammelt, zu Verviers an der Belsch (sou wéi iwwregens alleguerten d'Schofswoll an Europa) gebotzt an dann an Éisterräich zu Isolatiounsmaterial weiderverschafft. An do, zu Weizenkirchen an Éisterräich gëtt lëtzebuerger Schofswoll ënnert déi aner gemëscht. Wat Schofswoll esou eenzegarteg ënnert de natierlechen Isolatiounsmaterialien mëcht ass séng Kapazitéit eorm Quantitéiten Fiichtegkeet opzehuelen ouni dobäi un Isolatiounsfähegkeet nozeloossen. Schofswoll isoléiert nit nëmmen immens gutt am Wanter géint d'Keelt mee och super am Summer géint d'Hëtzt...Schof ginn et schliesslech souwuel an de kale Bierger wéi an der waarmer Wüst. Dofir bidd sech Schofswoll als "Stopfwolle" tëschent Mauerwierk a Fënster un, als Trittschalldämmung ënnert Ärem Parquet oder als Isolatioun am Daach. A ganz speziell sinn d'Akustikplacken aus Schofswoll...déi sin einfach nëmme wonnerschéin. An am Naturbaustoff zu Réiden ze fannen...
ISOLENA Silentum
https://www.lehner-wool.com/silentum/

Udi Dämmsysteme Udiclimate

Udi Dämmsysteme huet ee ganze Pak innovativ Produkter op Holzfaserbasis. Sou zum Beispill d'Udi climate. Ee Sandwich-Element, bestehend aus engem Karton-Wabenstruktur-Kär déi op béide Säiten mat enger Holzfaserplack kombinéiert ass. Dës nëmmen 3cm déck Plack fonktionéiert ganz gutt fir einfache Schallschutz vis-à-vis vum Nopeschraum ze verbesseren. Udi Dämmsysteme bidd deemno genau dat, wat déi aner grouss Holzfaserhiersteller net maachen. An dat mëcht dësen Hiersteller zu engem wichtegen Deel vum Naturbaustoff Réiden.
Udi Dämmsysteme Udiclimate
https://udidaemmsysteme.de/udi-systeme/fuer-den-innenausbau/innenausbau-detail/UdiCLIMATE%C2%AE%20SYSTEM

WHISPERWOOL

Schofswoll ass ee super Material. Et reguléiert d'Loftfichtegkeet, filtert Schuedstoffer an isoléiert kéint Hëtzt a Keelt. An et ass immens effizient wann et em Schallschutz geet. A wann d'Schofswoll esou schéin ass wéi bei whisperwool, dann ass et der Wert op Réiden kucken ze kommen...
WHISPERWOOL
https://www.whisperwool.at/produkte