Meng Philosophie

A menger fréierer Karriär am Energieberäich, notamment 10 Joer als Energieberoder, hunn ech bal 20 Joer laang gehollef al Haiser ze sanéieren an och bei Problemer bei Neibauten ze hëllefen. Eng ronn 1000 Gebaier hunn ech vu bannen & bausse gesinn. Mäi Fazit: Meeschtens gëtt sou bëlleg wéi méiglech gebaut an dann sou deier wéi méiglech verkaaft!

D’Proprietäre sëtzen herno an engem ongesonde Wunnklima, a mussen dat och nach ee Liewe laang ofbezuelen! Oft muss herno nach emol richteg dran investéiert ginn, fir den Dreck dee verschafft gouf, z’ersetzen. Dat kann et nitt sinn! Donieft gëtt sech och keng Gedanke gemaach, wat duerno mat ärem Haus geschitt, wann et entsuergt muss ginn. Wouhinn mat all dem Dreck?

Mir mussen ëmdenken, an zwar konsequent !!

Meng Gamme u Baustoffer garantéiere nitt nëmmen eng topp Qualitéit a mega Wunnklima, mee och esou wéineg Offall wéi méiglech. An dat beim Bau wéi och herno beim Ofbau. Natur geet da nees zréck an d’Natur. Ganz einfach.

Zu gudder Läscht nach ee Wuert zu eisem Regionalgeld: Natierlech ënnerstëtzt de Naturbaustoff déi regional Ekonomie mam Beki. Grad elo mierke mir wéi wichteg et ass, dass mir eis Suen do ausgi wou se am sënnvollsten an am meeschte gebraucht ginn: heiheem. Dofir, kaaft lokal!